• dnash43

Menger Groussmamm hir Këscht



Virun dräi Méint huet mäi Monni mir e Bréif geschéckt. Hien huet mech gefrot," wëlls du déi Këscht mat de Knäpp vun denger Groussmamm kréien?"

Wéi ech e klengt Kand war, hunn ech oft mat dëse Knäpp gespillt. Déi brong Këscht huet iwwer honnert verschidde Knäpp! D'Knäpp si rosa, rout, brong, gold, wäiss, gréng, a kennen och grouss a kleng sinn. Verschidde Knäpp sinn einfach a verschidde Knäpp si prächteg. An der Këscht si Knäpp fir d'Mäntel, Knäpp fir Kleeder, an Knäpp fir Hiemer. Meng Groussmamm huet d'Knäpp benotzt fir ze bitzen. Dës Këscht ass elo iwwer 60 Joer al. D'Knäpp erënnere mech u meng Groussmamm. Si war eng immens léif a gentil Fra a mir huet et immens gefall bei si ze goen. Oft hu mir zesumme geshoppt, e Film gekuckt, oder en an engem Restaurant giess. Si huet mir ëmmer erlaabt mech een Dessert ze bestellen an hat mir oft fir ee klengt Geschenk ginn.

Elo hunn ech all d'Knäpp op engem Dësch a mengem Haus. Méi wichteg sinn awer meng léif Erënnerunge vun hir an hirer Generositéit.



Dawn 24 Mee 2020

4 views