• dnash43

Mir si wat mir denken




Wärend dem leschte Cours huet Claudia gesot datt mir vill iwwer Kricher schwätzen.

Ech mengen datt dat wouer ass, mee firwat?

Dëst ass haut d'Thema vun menger Hausaufgab.

Haut de moien wéi ech opgestane sinn, hunn ech iwwer dësen Sujet nogeduecht.

D’ Studenten an eisem Cours sinn net méi jonk. Mir hu vill Katastrophe erlieft. Den Dennis am meeschten. Hien huet de Krich an England erlieft, an elo och nach d'Corona Kris.

Allen waren “life changing events”. Dës Experienzen hunn säi Liewe verännert.

D’Terri an ech ware Kanner wéi de Kennedy assainéiert gouf.. An da gëtt et och nach 9/11 fir d’Dawn, d’Terri, an mech.

Mee trotzdeem sinn mir alleguer “monter an gesonnt “, genausou wéi den Dennis.

Ech war ëmmer e sensibelt Kand. Wéi ech een Teenager war, hunn ech vill iwwer verschidde Saache nogeduecht. Ech hu vill Saachen a Fro gestallt, virun allem Saachen déi mat Leit ze dinn haten.

Ech hat schonn vill iwwer de Krich héieren well meng Elteren, meng eelsten Schwëster, an meng Monnien an Tattaen d'Occupatioun erlieft hunn. Ech hu mäin ganzt Liewen vill traureg an fatzeg Geschichten héieren.

D’Fraen an menger Famill sinn alleguer vu Natur aus ganz nervös. Meng Schwëster, d’Anita, huet e puermol gesot, “anxiety is part of our family crest”. Ech suerge mech iwwer vill Saachen. Ech mengen dat eis Famill einfach esou ass.

Zesumme mat de schlechten Zäiten an Katastrophe geet dat net esou gutt.

Ech wëll léiwer vun allem wëssen, souwuel deene schéine wéi och deenen elle Saachen, wéi nëmmen een Deel ze kennen a “fat, dumb and happy” ze sinn.

Et ass och onméiglech, ee Liewen ze hunn, dat keng Tragedien huet. Dës maachen eis zu dem wat mir sinn, an dat ass net schlecht.


Michele 23 Mee 2020

3 views