- dnash43
Moies an der Schwamm

Ech si ganz frou!! Lëscht Woch huet d'Piscine hei am Fitness erëm opgemaach. Normalerweis ginn ech vu méindes bis freides schwammen. Et gëtt allerdéngs nei Reegelen an der Schwämm, zum Beispill, elo kënnen nëmmen dräi Persounen an der Piscine gläichzäiteg sinn. Et muss een e Rendez-vous maachen an dono kritt een nëmmen eng Stonn an der Schwämm. Et kann ee fënnefavéierzeg Minutte schwammen an dono huet een zéng Minutten fir dréchnen an d'Saachen zesummerafen. Déi éischt Grupp muss erausgoen virdrun déi nächst Grupp era komme kann.
Mir gefält ganz gär um 6 Auer moies schwammen. Dat ass de fréistens ee kann e Rendez-vous maachen. Ech fannen et ass eng ganz gutt Manéier fir mäin Dag uzefänken. Schwammen ass immens gutt fir d'Musekelen an d'Gesondheet. Mäi Maillot ass schwaarz an en hänkt am Buedzëmmer. Mäi Buedduch ass schéin an huet hellgréng a wäiss Sträifen. Ech si prett fir d'Schwämm!
Ech kommen um siwen Auer nees heem an ech ginn an d'Dusch. Ech doe meng wäiss "Capris" mat engem T-Shirt un an ech schminke mech. Dono liesen ech e bësse an der Bibel an ech verbréngen eng Stonn laang mat Lëtzebuergesch léieren! Nom Kaffi drénken ass et wierklech Zäit fir ze botzen!
Dawn 8 August 2020