• dnash43

nëmme Gebraddels



“Et ass eng Welt fir d’Männer”. Sot mer esou e Kabes net, ech sinn e Mann an ech muss et wëssen!

De Frank Sinatra huet op “One for my Baby” iwwer eng kuurz Episod gesongen, “Ech kéint vill (vun hir) erzielen, awer et muss een dem Kodex trei bleiwen”. Esou e Quatsch! Erziel et roueg Frank, mir wëlle sämtlech Detailer héiren!

Ech hu gelies, et gëtt een Af dee bis 5 ziele kann : pass gutt op, Boris Johnson, d’Konkurrenz schléift net! Hei zu Lëtzebuerg hu mir och een Eclat. Eise Premierminister huet e puer Kapitele fir säin Héichschouldiplom geléint an huet vergiess d’Quellen z’erwänen. Dat ass net esou schlëmm, hie kann op mannst liesen a schreiwen. Kann den Trump dat ouni Hëllef vum Giuliani?

Eng Affiche an der Maternité zu Ettelbruck, “Déi éischt 24 Stonne vum Liewe sinn déi geféierlechst.” An déi lescht 24?

Grafitti op der Uni. “Virun hunn ech ‘Ingenieur` net schreiwe kënnen, elou ass ech eng!”

Seriö, ech kennen e schéinen Eck op der Musel. Vu Waasserbëlleg fiert een e puer Minutte mat der Fär op Oberbillig, op der däitscher Säit. Do ass en alen Hotel mat enger Terrass direkt bei der Musel wou ee sëtzen kann an e gudde Patt Muselwäin drénken. Du kéinst mer gleewen, dat ass Balsam fir d’Séil! Et kann een och gutt iessen do, “gutbürgelech iessen”, dat heescht defteg. Dat muss ech erëm am Sommer maachen, “God willing and the creek don’t rise!”

Vläicht wann eis Damme vun de Kolonië fir d’Vakanz kommen?



Dennis 08/02/22

2 views0 comments

Recent Posts

See All