• dnash43

Never stop learning!


Eng Sprooch ze léieren ass guer käi Problem fir Kanner, et gëtt instinktiv duerch d’Haut. Fir jonken Erwuessener ass et net esou haart, si mussen e bësse méi schaffen. Fir déijéineg déi, wéi kann ech et soen, voll räif sinn ass et eng haart Aarbecht. Keng Excuse, mir kënnen et packe mä heiansdo nëmme mat Schweess a Blutt!


Ech sinn an der drëtter Kategorie, an ech hu menge Problemer.


Fir d’éischt verstoen ech bal alles mä et bléift net am Kapp : OK, ech muss einfach méi schaffen.

Derno schaffen ech net genuch : OK, ech muss mech einfach méi asetzen.

Mä nach méi schlëmm, ech schwätzen Däitsch. Dat hëlleft enorm mam Sazbau, wëll däitsche Sazbau a lëtzebuergesche Sazbau bal selwecht sinn. Awer de Vocabulaire ass änlech mä net selwecht, an dat ass e Minnefeld. Wierklech schlëmm fir mech, Däitsch ass an mengem Kapp bal hard-wired.


D’Léisung?

Den Dirigent Sir Thomas Beecham gouf eemol vun eenem Tourist gefrot, “Bitte, wéi kënnt een zum Albert Hall, (e berüümt Concertssall zu London)?” D’Äntwert vum Meeschter, “Üben, üben, üben!”



Dennis 19 August 2020

9 views