• dnash43

Pappendag




An Amerika ass um drëtte Sonndeg am Juni, ëmmer de Pappendag.


Virun drësseg Joer ass mäi Papp u Kriibs gestuerwen.

Als Kand war seng Famill ganz aarm, den dräi Jongen (hien an seng zwee Bridder) huet am selwechte Bett geschlof. 

Wéi hien uechtzéng Joer al war, ass hien d'Marinn bäikomm sinn.

Hien huet seng Suen fir eng laang Zäit gespuert an huet e schéine Bracelet fir seng Mamm kaaft.

De Bracelet ass elo al a geschlaucht, mä en erënnert mech vun d'Frëndlechkeet vu mengem Papp.


Wéi ech jonk war, huet eis Famill e sonndes Nomëtteg eng Schossel Glace giess, während mäi Papp Geschichte vu senger Kannerzäit erzielt huet. 

 Am Fréijoer hu mir zesummen Tomaten am Gaart geplanzt an am Summer si mäi Papp an ech zesumme geridden oder un d'Mier geschwommen.

Am Hierscht, huet hien de Blieder an e grousse Koup geschäert an dono si meng Bridder an ech op de Koup gesprongen.

Dat war immens spaasseg!

Am Wanter ass hien mat eiser Kanner duerch d'Stroosse gefuer, fir d'Chrëschtdagsluuchten op verschidden Haiser ze kucken. 

Ech hunn ganz léif Erënnerunge fir all Joreszäit.


Dawn 12.Juni 2020

4 views0 comments