• dnash43

Reese mam Zuch


Ech reesen immens gäre mam Zuch. Et huet ee Kontakt mat der Welt, net wéi am Won wou een effektiv an enger Kapsel ass. An ech muss keng Parkplaz fannen!


Eng einfach Rees mam Zuch vun Ettelbréck an d’Stad ass fir mech Routine. D’Abenteuer fänkt u mat enger Rees wou een e puer Mol muss ëmsteigen.

Vergiess net, den Zuch waart op keen. Ass een zwou Sekonnen a Verspéidung, dann ass den Zuch derduerch an et sëtzt een do wéi bestallt an net ofgeholl.


Op dem Programm vun der App gesäit et esou einfach aus, mat 7 Minutten tëschent den Zich. Déi 7 Minutte sinn eng Spillerei fir Athleete mee eng Erausfuerderung fir mech. Ech muss fir d’éischt d’Tafel fannen, fir ze wëssen wou mäi Quai ass. Eppes ganz gelungen, mäi Quai ass ëmmer um aneren Enn vun der Gare, mat zwou Trapen dertëschent. A meng Wallis ass ëmmer elle schwéier, egal wéi wéineg Saachen dra sinn. Esou packen ech dat no 6 Minutte Stress.


Kee reest hautdesdaags ouni Handy. De Billjee ass drop, de Programm, d’Covidpass, d’Spiller asw All Leit lauschteren hirem Handy no, an et ass esou roueg wéi an der Kierch!


Et ass immens flott mam TGV a Frankräich ze reesen. TGV heescht “Train à grande vitesse”, en Zuch mat héijer Vitess, an déi fuere mat iwwer 300 Saachen! Et ass confortabel dobannen ze sëtzen oder souguer ze schlofen. Et kann een op de Buffet goen fir e Kaffi ze drénken an e Sandwich z’iessen. WiFi gëtt et och, an e Stecker fir den Handy opzelueden. Luxus puer!


Ech sinn net ëmmer e Fan vun de Fransousen, awer ech muss soen, mam TGV ass hinnen eppes gelongen!

Dennis 26/9/21

0 views0 comments

Recent Posts

See All