• dnash43

Regime halen

Updated: Jun 28



Heiansdo wëll jiddwereen e puer Kiloen ofhuelen an ech schwätzen aus laangen Erfarung. Meng Bibel an dësem Fall ass “The Obesity Code: Unlocking the Secrets of Weight Loss” Fung, Jason. MD.


Wat kann een iessen? Alles, ausser Zocker. Pass op, an bal all industriell Liewensmëttele ass Zocker dran: Boune mat Tomaten Zooss, Zopp aus der Tut, bal alles aus Béchsen, Glieser oder aus der Killtru. Mä selwer gekacht schmaacht souwisou besser!


Wéini? Wa Wéini mer iessen ass immens wichteg. Mer iessen nëmme mëttes an owes a schneeken net.


Wéi vill? Net iwwerdriwwen an net ze vill mat extra Kalorien wéi fetthaltegt Iessen an Alkohol. Wann s de net vill Honger fir Moolzechten hues dann ëss du ze vill. Wann s de nuets net gutt schlofe kanns well s de Honger hues, dann ëss du net genuch.


D’Resultat? No engem Mount Regime halen hunn ech zwee Kiloe manner op de Rëppen, dat ass e Plus! Ech hu méi Energie, fille mech besser, schaffe méi a maache méi Sport, dat ass e PlusPlus!! Mäi Bluttdrock ass méi niddereg an ech schlofe besser, dat ass e PlusPlusPlus!!! Ech drénke kee Béier méi : et kann een net alles am Liewen hunn!


Interesséiert? D’Buch ass op Kindle ze kafen an ass liicht ze liesen.


Dennis 27 Juni 2020

3 views