• dnash43

Si mir och esou domm?



D’Welt soll méi laachen.

Hei sinn e puer echt Reklamatiounen déi "THOMAS COOK VACATIONS vun Clienten kritt huet "

1. "Bikinien um Strand sollen net erlaabt sinn. Si lenke mäi Mann ze vill of.”

2. "Meng Vakanz zu Goa an Indien war abscheilech. Bal all Restauranten hu Curry zerwéiert. Ech hu pikant Iessen net gären."

3. "Mir haten e Probleem mat den Taxichaufferen an eiser Vakanz a Spunien. Si waren all Spuenier.”

4. “Mir hunn eng Sortie an eng Schwämm gemaach, awer keen huet eis gesot datt mir eis Schwammsaache mathuelen mussen. Mir hu geduecht, déi waren am Präis abegraff."

5. "De Strand war ze vill sandeg. Mir hunn derno eis Saache musse propper maachen."

6. "De Sand war net wéi de Sand an der Broschür. De Sand an der Broschür ass wäiss, mee deen um Strand ass méi giel."

7. "D’Butteker zu Puerto Vallartato si liddereg a maachen nomëttes zou. Dat soll verbuede sinn. Ech muss heiansdo nomëttes akafen ze goen."

8. "Keen huet eis gesot datt et Fësch am Waasser ginn. Eis Kanner ware verängschtegt."

9. "Ech gouf vun enger Mustik gebass. D’Broschür sot näischt vu Mustiken."

10. "Mäi Freier an ech hunn eng Kummer mat Eenzelbetter bestallt, mee mir hunn eng Kummer mat engem Dubbelbett kritt. Dowéinst sinn ech schwanger ginn. Mir mengen Dir sidd dofir verantwortlech an erwaarden ee Remboursement vun Iech. Et wär net geschitt wa mir eng Kummer wéi bestallt kritt hätten."

Quell : Peter Dickinson


Dennis 17 Juli 2022

1 view0 comments

Recent Posts

See All