• dnash43

Sommer zu Oregon



All Summer fuere meng Famill an ech op Oregon a besiche mengem Mann seng Elteren. Liewen ass lues an erhuelsam do. Heiansdo gi mir duerch de Sonneblummsgaart spadséieren oder gi mir an de Geméisgaart a plécken Mais fir den Owesiessen. De frësche Mais mat Botter schmaacht immens lecker. Eng aner Kéier hunn ech d'Kéi an d'Hénger gefiddert. Oft hu mir Schwaarzbiere gepléckt an dono hu mir Gebeess vu se gemaach. Geschwënn ass d'Kichen mat vill kleng Gebeessglieser gefëllt a richt wonnerbar Wann et Zäit ze heemgoen ass, huelen ech e puer Glieser mat. Dat freeë mech.

Et gëtt och eng rout Scheier do. Mäi Schwéierpapp an seng véier Bouwen a seng zéng Enkelkanner hunn d'Scheier gebaut. Eemol hu mir Äppelviz an der Scheier gemaach. Chrëschtdag geet de ganz Famill dobannen a mir sange Chrëschtdagslidder a spillen d'Krëppespill wéi d'Mary an de Joseph. Viru fënnef Joer huet mäi Neveu seng Hochzäitreceptioun hei hat. Mir hu vill gebotzt an hu wäiss Luuchten opgehaangen. Et ausgesinn erstaunlech!


D'Haus ass net wäit vun der Küst a mir sinn ëmmer een Dag do gefuer, Mir sammele Muschelen op der Plage oder loosse mir e faarwegen Draach am Himmel fléien.

Mir kucken d'Fësch an d'Séihënn am Ozean an duerno iesse mir "Clam Chowder" Zopp mat Brout an engem klengem Restaurant, Nobäi gëtt e charmante Buttek mat "Salt Water Taffy" Kamelle verkeeft a mir kafen ëmmer eng kleng Tut mat verschidde Stéck.

Et ass ëmmer eng wonnerbar Vakanz.




Dawn 3 Juli 2020

3 views