• dnash43

Summer 2021



Ass et scho September? Wou ass de Summer gaang? Wat hunn ech de ganze Summer gemaach?


Majo, am Juli si mäi Mann an ech sinn an eng kleng Vakanz gaang. Mir si mam Auto op Alma, Wisconsin gefuer. Eisen Hotel war nieft dem Mississippi Floss an et war eng Eisbunn tëschent dem Hotel an dem Floss. D’Duerf, Alma, ass ganz kleng a roueg– ausser datt et de Weekend ëmmer vill Motoen waren déi vill Kaméidi gemaach hunn. Jiddefalls war d’Rees kuerz mee entspaant.



Am August sinn ech fir d’Lëtzebuergesch-Amerikanesch Feierdeeg fir dräi Deeg op Belgium, Wisconsin gaang. Ech sinn op Virliesungen iwwer Genealogie an DNA gaang a samschdes war eng Parad. Ech hunn do vill Frëndinne gesinn. Ech hat vill Spaass.

Ech sinn och an e Musée zu Milwaukee gaang fir eng digital Ausstellung vum Van Gogh ze kucken. Et war interessant mee net sou gutt wéi déi richteg Konscht zu Amsterdam!

Virun e puer Woche sinn ech mat menger jéngster Schwëster op Chicago gaang. Mir hunn dat eelste Gebai zu Chicago gesinn a sinn och an den Art Institute vu Chicago gaang. Et gouf eng Ausstellung vu Quilte vu Bisa Butler. D’Bisa Butler mécht Quilte vun Fotoe. Et war immens!




Mee, meng Liiblingssaache vum Summer war d’Fra Onk. D’Fra Onk wunnt op der Terrass vun eisem Haus. Mengem Mann seng Schong stinn ëmmer op der Terrass an d’Fra Onk huet do geschlof. Dat war e Problem fir mäi Mann an och fir d’Fra Onk. Sou hunn ech en Onken Haus um Summerfest a mengem klengen Duerf fonnt! Elo schléift si net an de Schong a jidderee si richteg frou :-)


terri schmit

7.9.2021

1 view0 comments

Recent Posts

See All