• dnash43

T’ass Ëmmer Eppes....




Mir wunnen um Land. Hei sinn nëmmen Déieren a Planzen. D’Planzen si kee Problem. Mee heiansdo sinn d’wëll Déieren e grousse Problem.

Eist Haus ass 1865 gebaut ginn. Mir hunn d’ Haus ëmgebaut mee trotzdeem ass et en aalt Haus mat wëllen Déieren iwwerall. Ech si viru fofzéng Joer vu San Francisco geplënnert an et ass heiansdo nach wéi e Dschungel hei fir mech. Mir haten dëst Joer déi meescht wëll Déieren zanter ech ukomm sinn.

De leschte Méindeg goung mäi Mann op de Späicher fir eppes ze lageren. Hien hunn e Kaweechelche gesinn do! De Kaweechelchen huet mäi Mann sou vill gefaart wéi mäi Mann d’ Kaweechelche gefaart huet! T’ass net normal hei Kaweechelcher op dem Späicher ze hunn. Wéi ass et duer komm? Dobaussen ass e grousse Bam. Den Aascht weist a Richtung Fënster. D’Fënster ass nëmmen op fir ze lëften. D’ Kaweechelchen huet e Lach duerch d’Scheif geknat! Mäi Mann huet d’Kaweechelchen um Späicher gejot an et ass duerch d’Fënster gesprong ... elo ass d’Fënster zou an d’ Kaweechelchen ass dobaussen.

T’ass ëmmer eppes....

En Dënschdeg de Moien war e Sténkdéier ënner dem Virdaach. Mäi Mann misst et erschéissen éier et en Nascht maache konnt. Ech wousst net wat geschitt. Ech hu relaxéiert/war entspaant, hunn d’Zeitung gelies, Téi gedronk, hat mäi Mippchen op mengem Schouss an op ee Mol (all of a sudden) hunn ech e Schoss héieren. Op een Zoch huet d’ganzt Haus wéi e Sténkdéier gestonk! Et war ganz schlecht! Fir de ganzen Dag hu mir d’Käerzen bannen gebrannt!!

Mee waart! Et gëtt méi!

D’lescht Nuecht um néng Auer hunn ech mäi Mippchen eraus geholl fir maachen ze goen. Et war däischter mee ech hat eng Täascheluucht dobäi an den Hond war un enger (Honds)léngt. Normalerweis spadséiere mir an der Garagenafaart déi eng hallef Meil laang ass. Mee wéi mir ëm déi véierel Meil waren, héieren ech etlech Kojoten hannert äis! Et huet no véier oder fënnef Kojote geklong! D’Kojote bille mech un and ech brëlle si un an et war e grousst Gedäisch fir e puer Minutten bis d’Kojote fortgelaf an ech heem gelaf sinn...Et huet eis vill Angscht gemaach!

Terri 2 Mäerz 2020

10 views