- dnash43
Thanksgiving an eng Pandemie

Dëst Joer ass sou anescht ewéi all aner Joer. Normalerweis hunn ech e grousst Iessen mat vill Leit hei.
Dat lescht Joer war, wéi meeschtendeels, do meng Famill do:
Meng eelste Schwëster Ruth a säi Mann Joe
Meng Niess Jennifer a säi Mann Eric mat hiren zwee Kanner Evan an Nora
Meng jéngste Schwëster Polly a säi Mann Jim
Meng Cousine Betty a säi Mann Walter mat hirem Enkelkand Braelyn.
Heiansdo kënnt och mengem Mann, seng Famill:
Seng eelsten Duechter Mary a säi Mann Eric mat hirem Jong Aiden
Seng jéngsten Duechter Lisa a säi Mann Dan. D’Lisa bréngt och seng Schwéiermamm Katherine mat.
Et gëtt ëmmer vill z’iessen! Ech kachen ëmmer zwee Haaptplaten. Den traditionellen ass Dinde, mee ech kachen och e gefëllte Kürbis vir d’Vegetarier. De Kürbis ass mäi Libling. Jiddweree bréngt och eppes fir z’iesse mat – Zalot, Geméis, Gromperen, a vill Desserten! Mir drénke Wäin, mir schwätzen a laache vill an jiddweree ass frou. D’Kanner spillen dobausse well d’Wieder gutt ass.
Mee dëst Joer war et anescht. Ech kachen nach d’Dinde a Kürbis, mee nëmme fir eis zwee. Mir hu keen Dessert giess. Nom Iesse si mir mat eisem Mippche spadséiere gaang. Et war e ganz rouege Dag.
Mee mir sinn dankbar. Dat ass Thanksgiving... Mir an eis Familljen hunn eng gutt Gesondheet. Mir hunn all schéi Wunnengen, waarm Häerzer a genuch z’iessen.
terri 4.12.20