• dnash43

The Luxembourg Cultural Center

Updated: Jun 9, 2020





De "Luxembourg Cultural Center" ass zu Belgium, a Wisconsin. De Museé ass tatsächlech eng Stee Scheier déi renovéiert gouf. 1872 huet de Jacob Mamer, en Immigrant vu Lëtzebuerg, déi Scheier aus Stee gebaut. Haut ass se e klenge Museé, deen aus dräi Raum besteet. Dobanne gëtt et e klenge Buttek fir Lëtzebuergesch Souveniren. Et kann een zum Beispill Bicher, Landkaarten, T-Shirten a Biller kafen.

Op der lénker Säit hänke vill Vitrinnen an Affichagen un der Mauer.

Se erzielen d'Geschicht vu Lëtzebuerg. Op der rietser Säit ass eng kleng Bibiliothéik. Hei fënnt ee vill Bicher, Dokumenter, Bréiwer, an Zeitungen iwwer Lëtzebuergesch Famillen an hei kann och een säi Virgänger sichen. Dobassen ass de Blummegaart an en heescht de"Leider-Pesche" Blummegaart. Dës si meng Virgänger!!!! Niewent dem Blummegaart steet eng al Foto vu mengem Grousspapp an vu mengem Urgrousspapp!

All August fënnt hei "Luxembourg Festival" statt. Et fänkt mat enger Hämmelsparad (?) duerch d'Stroossen un. Ongeféier 200 Lëtzebuerger komme vun iwwerall heihin a verbrengen zwee Deeg zu Belgium. Si schwätze, besichen, iessen a léieren dann iwwer Lëtzebuerg. Ech si stolz eng Lëtzebuergerin ze sinn!

Dawn 5 Juni 2020

5 views0 comments

Recent Posts

See All

Dawn