• dnash43

Vakanz: Bierger oder Mier?



Wann ech an d’Vakanz ginn, besichen ech normalerweis Famill oder Frënn. Zum Beispill wann ech mäi Brudder besichen, hie wunnt an der Stad, zu Vallejo, Kalifornien. Säin Heem ass net nobäi d’Waasser oder d’Bierger. Awer wann ech meng Frendinnen zu San Francisco besichen, gi mir ëmmer op d’Plage. Meeschtens sinn ech gär dobaussen, esou ass et egal ob ech op de Bierger oder beim Waasser sinn. Et ass alles gutt Fitness, Wanderen oder Schwammen. Fir mech geet et méi ëm d’Wieder. Ech sinn immens gär an der Sonn.

Ech fannen d’Bierger schéin, dacks ganz roueg mee oft kal. D’kaalt Wieder gefält mir net. D’Bierger am südlechen Arizona si ganz waarm, sou datt et eng exzellent Vakanzendestinatioun ass. San Francisco ass eng ganz schéi Stad, mee den Ozean ass ze kal fir ze schwammen. Et muss een a Südkalifornie reesen, wann een am Pazifesch Ozean schwamme wëllt – do ass et méi waarm.

Déi lescht Woch sinn ech op Idaho gereest. D’Appartement war um Lake Pend Oreille. Et war esou schéin. Vun der Fënster konnt ech de Séi gesinn a moies konnt ech op d’Plage goen a Yoga maachen. Mee de Lake Pend Oreille ass ganz déif an d’Waasser ass kal am Summer a besonnesch am Wanter. Et war mir net waarm genuch fir am Séi ze schwammen, mee et war eng gehëtzte Piscine op der Plage! Also konnt ech an der Piscine schwammen an de Séi kucken. De Sonnenopgang war besonnesch schéin.

Den nächste Weekend ginn ech mat zwou Frëndinnen op Eau Claire, Wisconsin. Et ass um Wisconsin River a mir wäerten de ganze Weekend Kajak fueren. Mir bleiwen an enger Villa mat zéng Schlofkummere fir just eis dräi. Mir mussen eis Better de ganze Weekend net maachen!


terri

5.6.2022

0 views0 comments

Recent Posts

See All