• dnash43

Vakanz mat enger Pandemie, de Bëschbränn, der Loft......

Updated: Sep 1



All Joer gi mir op Carmel-by-the-Sea. Carmel ass eng ganz schéin a charmant Uertschaft op der Küst vu Kalifornien. Et ass Südëstlech vu Sacramento, an 193 Kilometer vu San Francisco. Ee braucht dräi Stonne mam Auto do ze fueren. De Clint Eastwood war fréier de Buergermeeschter vum Carmel.

Carmel ass ganz uerdentlech. Elo muss Jiddereen eng Mask undoen, och dobaussen, oder $100 Strof bezuelen.

D’Leit déi zu Carmel wunne si ganz räich. Ech hunn en Haus dat war nëmme 97 Quadrat Meteren do gesinn. Et war fir $1,269,500 ze verkafen.

Den éischten Dag dat mir do ware war gutt. Mir hu gutt geiss, gutt gedronk, an och hunn mir gutt entspaant. Awer um 7 Auer, wollt ech wëssen, wéi et mam (?) mengem verängschtegten Hond doheem geet. Okay, net gutt. Den aarmen Hondsitter war fir 45 extra Minutte bliwwe mussen, well de Kota net zeréck an d’Haus komm wollt. Natierlech, muss ech hatt gutt ausbezuelen!

Deen zweeten Dag, héiere mir op den Nouvelle vun de Bëschbränn. Si sinn iwwerall! Eisen Auto war mat Äesche bedeckt! 367 Bëschbränn a Kalifornien! Eise Gouverneur de Gavin Newsom huet eng “State of Emergency” erkläert. Et gëtt all Joer méi schlëmm.

Den drëtten Dag hate mir e Rendezvous fir “kayaking” ze goen. Op eemol hu mir en Uruff krit. Den Kayaking Tour ass ausgefall well d’Loft esou schlécht war. Ech hunn einfach en anere Kayaking Betrib ugeruff, an e neie Rendezvous gemaach. Jo, d’Loft war net gutt, mee et muss liewen!

Haut si mir Heem gefuer. Et war esou traureg all dat verbrannt Land ze gesinn.

Hoffentlech kann d’Welt sech heelen, an d’Leit och!

Michele 21 August 2020

2 views