• dnash43

Wéi Dëst Joer Anescht Ass



Wéi Dëst Joer Anescht Ass

Dëst Joer si vill Saachen anescht wéi fréier.

Fir d’éischt muss ech soen, datt do si verschidde Saachen mat mir anescht sinn.

Ech sinn e Joer méi al, ech si leider zwee kiloe méi schwéir, an ech sinn e bësse méi granzeg, obwuel ech e Medikament géint Depressionen am gaange sinn ze huelen.

Wat och anescht ass, ginn déi Feierdeeg fir dëst Joer.

Normalerweis feiere mir den Thanksgiving ganz eleng—nëmmen ons zwee.

Mee dëst Joer hu mir eng Invitatioun fir eng grousst Eisse fir den Thanksgiving kritt.

Déi Invitatioun war vun dem Vern senge Bouf, de Bruce, an war am Haus vu senger ex Fra mat senger Famill.

Dat war wierklech ze vill geféierlech, an der Mamm vun dem Lisa ass ganz rassistesch, huet den Trump ganz gär, an haasst d’Demokraten wéi mir sinn.

Wat och schlecht ass —si hëlt kee Blat virun de Mond, an dat ass wierklech eng schlecht Mëschung fir ons!

T’ass e bësse komesch, well si ass eng norwegesch Immigrantin, mee huet zënter 60 Joer hei an Amerika gewunnt—anscheinend ze vill laang!

Normalerweis gi mir op Santa Barbara wou meng zwou Schwëstere wunnen.

Dëst Joer maache mir dat net, well mir alleguer vulnerabel sinn.

T’ass wierklech schued, well meng zwou Schwësteren an ech amuséieren ons esou gutt! Ech hunn och hir ganz Famill gär, an hir erwuesse Kanner an Enkelkanner si witzeg a léif. Dëst Joer vermëssen ech meng Famill!

Hoffentlech ass ërem alles dat nächst Joer normal!


Michele 4 dez 2020

1 view0 comments

Recent Posts

See All

Ziler fir de Neit Joer—Net fir Mech

All Joer, an der Fitness, gesinn ech eng nei Gruppe Leit wien e neien Ufank welle maachen. Ech gesinn déi Leit fir e puer Méint, an da lues a lues, gëtt et manner a manner. Si sinn déi “New Year Reso