• dnash43

Wat hei a Kalifornie wärend der Pandemie geschitt


Elo ass et de véierten Dag datt mir e "shelter in place" zu Kalifornie sinn. Elo hunn ech eng Routine: Fir d'éischt muss ech natierlech d’Hënn fidderen. Da kenne si roueg schlofe wärend ech am Gaange si meng Hausaufgab nach eng Kéier ze maachen. Et ass nach däischter dobaussen, alles ass roueg am Haus, ech hunn eng staark Taass Kaffi, e bëssen ze iessen, an da fänken ech ze tippen un.

Jo, wat aneres maachen ech? Ech liesen d’ New York Times, d’ Washington Post, an de Guardian, da kucken ech e bësse wat d'Leit op Facebook soen. Ech maachen de "mini crossword puzzle" am New York Times. Ech sichen op menger Covid 19 App wéi vill Leit mam Corona Virus ugestach sinn. Duerno, kucken ech een oder zwee Filmen. Gëschter hunn ech "Bombshell" gesinn, an och eng englesch Serie, "Hinterland".

Wann et méi hell gëtt, da gi mäi Mann an ech mat den Hënn spadséieren. Vill Leit si mat Hënn dobaussen, d'Kanner spillen an der Strooss, d'Leit schaffen am Gaart. Gesäit net schlecht aus, bis en denkt wat mat der Welt lass ass.

Elo sinn d'Leit zimmlech gutt gelaunt, mee ech froe mech wéi dat an zwou oder dräi Wochen ausgesäit.

Wat däerfe mir hei a Kalifornie maachen? Mir kenne spadséiere goe mee nëmme mat sechs Féiss tëschent eis. D'Geschäfter déi op sinn, sinn nëmmen d’ Epicerien, d'Apdikten, Plazen déi Moolzechten ausdroe kënnen. Wat nei ass, ass datt mir elo alkoholesch Gedrénks bestelle kennen a geliwwert kréien. Ech mengen, datt de Governor Newsom wëllt datt him seng Bierger glécklech sinn!

Also, mir musse kucken wéi et an dräi Woche geet! Hoffentlech ass et net ze vill geckeg!


Michele 25 Feb 2020

7 views