- dnash43
Wou ass et besser ze liewen? Um Land oder an der Stad?

Virun dësem Joer, hat ech 17 Joer um Land gelieft.
Ech hu geduecht dat wier sou gutt.
Ech hunn op engem Bauerenhaff gelieft, mat engem grousse Gaart an engem klenge Floss deen duerch d’Land gefloss ass.
Mengen Elteren hir Äsche sinn an deem Floss.
Dee Bauerenhaff ass eng ganz speziell Plaz.
Ech fannen d’Liewen um Land roueg a relax. Ech si frou, datt ech do liewe konnt.
Mee lo wunnen ech rëm an der Stad.
An ier ech um Bauerenhaff gelieft hunn, hunn ech ëmmer a Stied gelieft.
Meng Liblingsstad ass San Francisco, mee Chicago an d’Stad (Lëtzebuerg) sinn och Liblingsstied.
Ech hu léiwer Stied wéi kleng Dierfer.
Hei gëtt et vill Saachen ze maachen.
Ech wunnen no bei ville Restaurenten an d’Butteker bléiwe bis spéit an der Nuecht op. Et gëtt och vill Concerten an am Summer vill Evenementer bei der Uni.
Mäin Appartement ass modern mat enger schéiner Vue.
Et gëtt e klenge Park hannert dem Appartement, an d’Noperschaft ass ganz sécher a roueg.
Wéi ech hier geplënnert sinn, konnt ech net alles mathuelen.
Ech hu geléiert datt et ok ass Saachen ze besëtze soulaang se dech net besëtzen.
Elo hunn ech en einfacht Liewen an der Stad an ech fille mech gutt.
terri schmit
3.7.2022