• dnash43

Mäin Auto



A Kalifornie muss ee wierklech en Auto hunn. Hei si mir net ganz bekannt fir den Ëffentlechen Transport. Stell dir fir, a Kalifornie gëtt et bal 40,000,000 Leit an iwwer 14,000,000 Autoen.

Fir mech, ass et bal onméiglech ouni Auto ze sinn, awer ech géif mir wënschen datt et net esou néideg wär. Mee mir wunnen an der Virstad, an et gëtt keen anere Wee vun hei bis do ze kommen. Ech muss akafe goen, dofir muss ech mam Auto fueren.

Mäin Auto ass net ëmmer ganz propper —haut de Moien wéi ech aus dem Fitness komm sinn, hunn ech gemierkt wéi schmotzeg mäin Auto ass. Ech hu geduecht, “o Mamm, ech muss duerch d Wäschanag fueren”. Geschitt dat haut? Vläicht, oder net.

Ech sinn net ganz stolz mat mengem Auto, mee ech muss soen datt den Auto deen ech elo hunn zimmlech schnuckeleg, ob en Auto schnuckeleg ka sinn. Et ass en Honda CRZ. Et ass kee ganz bekannten Autosmodell. Et ass en Hybrid “Sportscoupé” mee e kritt net esou vill Kilometer wéi Prius, an en ass net esou schnell wéi e richtege Sportscar. Mee wéi gesot, e gesäit schnuckeleg aus. Zënter e puer Joer, huet eng Amerikanesch Fra , “Oh, what a cutey-patootey!” iwwer mäin Auto gesot.

A mäin Auto huet nëmme genuch Plaz fir zwee Leit, mee en huet vill Plaz fir aner Saachen hannendran . Do leie meng Rollerbladen, de Plaz fir d’Saache vum Supermarché, an all meng Sécherheetsekipement.

Et ass net esou schlëmm!



Michele 19/2/2022

1 view0 comments

Recent Posts

See All