• dnash43

Zen an den Holzuewen



Mir heize mat Holz.

Dat huet vill Virdeeler.

Fir d’éischt si mir als Déieren esou evoluéiert datt mir eis Kierpertemperatur selwer reguléiere kënnen a sollen. Et ass méi gesond fir eis net ëmmer déi selwecht Temperatur ze hunn, an eisen Uewen hëlt ëmmer frësch Loft an eis Stuff.

Fir d’Ëmwelt ass et vill besser, keen Äerdueleg ze verbrennen.

OK, e bësse CO2 hei, e bësse CO2 do, et kann een net alles hunn.

Awer eis Energie fir ze heize kënnt sécher vum Jang am Duerf, net aus Russland!

Immens wichteg fir eis ass déi “Feel good” Wierkung.

De Wanter hei am Éislek ass laang, gro a kal, e bëssen depressiv.

Owes, virum Uewen ze sëtzen an d’Flamen ze kucken, do ass Beweegung, do ass Häerzlechkeet, do ass Trouscht.

Awer Zen kënnt onverhofft mat der Liwwerung vum Holz.

Mir kafen eng Corde beianeen, dat sinn 2 Kubikmeter, zu 45 cm geschnidden dunn einfach op de Buedem bei eis gekippt.

Mäi Job ass et uerdentlech ënner der Veranda ze tässele wou et dréche bleift bis mir et brauchen.

Dat ass fir mech 2 x 2 Stonne mat Hänn a Schubbkar.

Wärend ech dat maache kann ech net denken a mir keng Suerge maachen.

Ech kann nëmme meng Schubbkar fëllen, e puer meter zum Holzstapel drécken, 30 Stéck Holz vun der Schubbkar hiewen an openee leeën.

2 Stonne laang widderhuelen ech, dat geet duer fir en Dag.

Derno sëtzen ech an der Kichen, grinsen ech wéi en Eefalt, an drénken ech ee Béier.

Näischt op der Welt schmaacht besser wéi dëse Béier!

Wéi kann ee “Zen” besser definéieren?

An dat Ganz maachen ech 2 Mol fir eng Corde!

PS Hunn ech dëse Weekend gemaach

Dennis 23/03/22

0 views0 comments

Recent Posts

See All