• dnash43

Ziler fir de Neit Joer—Net fir Mech


All Joer, an der Fitness, gesinn ech eng nei Gruppe Leit wien e neien Ufank welle maachen. Ech gesinn déi Leit fir e puer Méint, an da lues a lues, gëtt et manner a manner. Si sinn déi “New Year Resolution” Gesellschaft.

Also, ech si keen Hellegen, awer ech kenne mech gutt. Ech maache léiwer all Dag kleng Ziler, dann ass et en natierlechen Deel vu menger Liewensféierung.

Awer, ech muss soen— dëst Joer sinn ech guer net frou, datt ech zwee Kiloe méi hunn. Ech mengen d’ Wäin ass den Täter. Oder vläicht ass et mäi Frënd. Däitlech ass et alle béid!

Ech muss net méi Sport maachen. Ech mengen ech genuch Sport maachen. Zweemol am Woch ginn ech an d’Fitness, ech ginn och rollerblade fueren, an ech ginn séier spadséieren. Wat sécher ass— ech muss besser Lëtzebuergesch schwäzten! Jo, ob ech en Zil muss hunn, da muss et mam Lëtzebuergesch schwäzten ze doen. Firwat war ech esou en eegesënnegt Kand!? Meng zwou Schwësteren kënne fléissend Lëtzebuergesch schwätzen. D’Sprooch fléisst ganz natierlech aus hire Mënner. Ech schwätzen ouni Eleganz an mat ville Feeler. Jo, mee ech war esou jonk wéi mir hei geplennert. Sou ass et.

Da wat emol muss ech besser léieren!? Mee, natierlech den Dativ, an och d’Wierder Reiefolleg. Oh, a mir kënnen neie Vocabulaire net vergiessen, an och onreegelméisseg Verben. Oh lá lá!

Wat mécht mech e bësse méi roueg, ass datt d’Terri an den Dennis mussen och mam Lëtzebuergesch Sprooch derduerchbäissen.



Michele


19.12.2020

1 view0 comments