• dnash43

Zwee Schlässer

Updated: May 26, 2020



Meng Fra Nelly, eis Duechter Malou an ech sinn einfach duerch Frankräich gefuer.

Mir si den Tours en Anjou gefuer, du ware mir midd, esou dat mir eis een Hotel gesicht hunn.

De nächsten Dag si mir laanscht d'Loire an hir berüümte Schlässer gefuer.

Op eemol, war do e klengt Schlass, dat immens schéin war an wéi e Märcheschlass ausgesinn huet.

Wéi an engem Dram : 17e Joerhonnert mä frësch, propper, ganz attraktiv.

Mir hunn e puer Nuechten do geschlof, an waren déi eenzeg Gäscht.

Owes hu mir eisen Aperitif mat de Besëtzer vum Schlass gedronk an d‘Geschicht vum Schlass a vun der Loire erzielt kritt.

Duerno hu mir een ale Restaurante fonnt an immens gutt giess.

Déi lescht Nuecht hu mir missen an engem anere Schlass schlofen, well eist Zëmmer ewell reservéiert war.

D‘Proprietärin war eng Grande Dame. Si war charmant mä, wéi soll ech soen, e bësse duercherneen.

Si huet mat hirem Mann geschwat den ewell Joren dout ass.

D‘Schlass war bal verkommen, an richt no Verfall.

An der Ëmgéigend waren vill Pohunnen ze gesinn: schéin Déier, mä si kräische wéi d‘Kanner, a si haten iwwerall alles dreckeg gemaach.

D‘Nuecht war kal, wéi an engem Film vum Hitchcock.

Et war onheemlech : de Wand an de Beem, d' Kräische vun de Pohunnen, de Geruch vun den Maueren….

Um nächsten Dag gouf et dann Kaffi mat der Madamm an den Pohunnen : jo, si waren och am Haus!

Eng Vakanz, nimools ze vergiessen!


Dennis 2 Mee 2020

2 views0 comments